Commentaires
Matthieu
10 / 10
Un excellent film, avec Kevin Spacey exceptionnel dans son rôle, a voir et a revoir de nombreuses fois!! une paret de suspense et de curiosité, une grosse part d'espoir, on ressort de la salle avec le sourire et des idées plein la tête !!
Ubi
9 / 10
This movie made me rather perplex, as I had some difficulties to undersand the logic
Chily
8 / 10
He Says He's From the Planet K-PAX You'll want to believe Him.
K-PAX ass definitif een vun deenen ausergeweinlechsten Filmer dei am Moment an eisem Land um groosen Ecran laafen. Ausergeweinlech, mee fir eis op jidde fall positiv ausergeweinlech. Do wo den amerikaneschen Kino am Moment leiwer op Nummer secher geet an Sequels oder Prequels erausbengt, beweisen Ausnahmefilmer regelmässeg dass Originalität keen Friimwuert muss sinn.
Change the way you look at the world.
K-PAX zerklären, ass eigentleg eng onmeglech Saach, an mir wellen kengesfalls irch den Plaiseier huelen desen Film ze entdecken. Drei Steiren an domadden definitiv mei wei Konkurrenz K-PAX ginn hurt. Sowiso waren mir iwerrascht vun deenen durchschnettlechen Kritiken dei den Film agehamstert hurt durchtert Land an Emgeigend. Et ginn zwar och Saachen drun ze bemengelen mee fir eis guff et keen faden Nogeschmack oder eng Entäuschung, ganz am contraire den Film iwerzeegt wann een sech bis vun him afenken geloos hurt, an dofir ass Charme genuch do.
Welcome to the Spacey show.
Am beschten ass et, wann een so weineg wei meglech vun K-PAX am Firraus wees, desto mei wert een daat ganzt geneissen. Ir mir werten en Detail drop agoen, fenken mir mam elo am Schluss un. Oni eppes ze verroden mussen mir awer erweenen, dass wengst engem zimlech oppenen Schluss, deen vill Interpretations-meglechkeeten zolässt, etleg Leit net eso zefridden werten heemgoen. Dei, dei leiwer eng kloer a logesch Erklärung op engem selwer plateau serveiert krichen, sollen een aneren film kukken goen, K-PAX furdert irch matzedenken.
Celebrate the Possibilities.
Zweschen dem Science-Fiction Genre, dem philosopheschen Märchen an der psychologescher Analyse kinnt een desen Film klasseiren, mee mir werten eis elo net festleehen, à vous de choisir. An genau hei leit fir eis nees een Bonus, fir aner Leit een Nodeel um Film.
Wei schons erweent liwt de Film frunallem vun den Performancen vum Kevin Spacey, als Spaceman. Fir eis geheiert hien schon seit laangem zum Top deen Hollywood ze bidden hurt, a sogur e schlechten Film giff ech wengst him senger kukken goen, mee kennt dir irch un en schlechten Film mam Kevin Spacey errenneren, ech net!
Hien amüseiert sech göttlech an der Roll vum K-Paxien Prot, nom Motto:
E.T. meets One Flew Over The Cuckoo's Nest.
Dem Kevin Spacey sein Personnage Prot besteht emmer drop net vun „hei“ ze sinn, so iwerzeegend dass sein Psychiater Dr. Powell gespillt vum Jeff Bridges emmer mei drun gleewt. Kritik üben kennen mir just punktuell: den Spacey an der Haaptroll, den Bridges leider nemmen Niweroll, an all dei „Verreckten“ aus der Psychiatrie können vill ze wëineg hir jeweileg Personnagen ausbauen. Obwul Zesummen-spill zweschen dem Spacey an dem Bridges perfekt ass, ass et offentsichtleg ween vun beiden den Film dreit, Jeff Bridges ass een engageierten Schauspiller deen hei gekonnt dem Spacey Paroli bidden kann mee am allgemengen vill ze oft ennerschätzt gett. Hien haat schons am Starman matgespillt mee K-PAX soll een net domadden vergleichen, vill mei ähnelt K-PAX dem stil vum Awakenings.
Trotzdem ass K-PAX en général eng one-man-show, anzwar dei vum Kevin Spacey, deen genessleg Produkter vun der Erd ausprobeiert, so esst hien Bananen mat der Schul (Your produce alone is worth the trip), mat sengen lockern witzegen Sprech an engem nach mei coolen Sonnebrell gewennt hien enner Garantie Sympathie vum Publikum.
Wann dir mech froot (a firwaat liest dir soss des Kritik) den Spacey mescht desen Film zu engem MUST, mini chef d'oeuvre daat absoluten Plaiseier versprüht, och wann aner Leit net deser Meenung werten sinn.
Den Prot ass onglaublech skuril-witzeg, och dann wann keen aneren am Film oder am public et bemirkt:
„you travel without any lugguage?” (Jeff Bridges)
„i travel with light“ (Kevin Spacey) (keng Reaktion vum Bridges) „you humans have no sense of humor.” (KS)
Witzeg dialogen stinn also um Programm, a well et so schein wur nach een: „Let's hope extraterrestrials qualify for Medicaid," seet den Bridges. An den Spacey entwert: „Don't worry. I'm not going to leap out of your chest." (Remember Ridley Scott's Alien) An zu gudder lescht nach desen: „You know for an educated person you repeat things quite a bit.”
Engem Spacey muss een einfach vertrauen oder hud dir des Filmer etwa net gesinn: Consenting Adults, Outbreak, A Time To Kill, Se7en, The Usual Suspects, Midnight in the Garden of Good and Evil, L.A. Confidential, American Beauty & Pay It Froward. No deem mir K-PAX gesinn hun könne mir garanteiren op hien ze setzen ass eng secher Saach. An t'Hypnose Scen ass deen absoluten Beweis, dass hien längst zur Top-Klass geheiert.
Wahrscheinelg gett et keen aneren Schauspiller deen besser gewiirt wär an deser Roll.
„Your planet is really bright.“
Waat elo wirkelch lass ass soll hei net verroden ginn, t'Fro dei een sech stellt ass folgend: waat ass den Prot wirklech, kennt hien vum planet K-PAX oder net, ass hien en sympateschen Alien oder just en verreckten Alien deen Langeweil hurt oder just nemmen Verreckten oder beides?
Regisseur Iain Softley (Hackers / The Wings Of The Dove) kann stolz sinn op Resultat vun senger Aarbescht, perfekt ass et net mee daat equilibreiert sech. Seng Lichteffekter sinn passend mee leider gelengt et him net deen komeschen Deel vun deem mei seriösen ze trennen. Waat absolut erfirzehirwen ass, ass den Spannungs-level vum Film. Emol an den Bann gezunn wert een net mei t'Aan vum Ecran loosen. Zur Musek, dem Edward Shearmur (Charlies Angels) seng Kompositionen begleeden passend Biller vum Film.
Wei schons erweent Bridges an Spacey sinn net ze toppen mee supporting casting ass nemmen bedingt empfehlenswert. No dem Trailer hätt een kinnten mengen dest gett nees een typescht Hollywood happy-end drama, mee et sollt anescht kommen. Scénario ass gold wert a strozt nemmen vun Witz an Originalität.
Zur Moral vum der Geschicht: „K-PAX sounds like a beautiful place, i would like to see it, any chance?” (JB) „I think you should see more of your world.” (KS)
Mir rechnen domadden dass am meeschten iwert den Schluss debateiren wert ginn, gud oder schlecht, em waat ass et elo eigentleg gaangen... Zweedeiteg secherleg, mee desto mei laang een et sech durch den Kapp goen lässt, desto mei genial hun mir en fonnt, a meng 3 Steiren kinnten sogur nach getoppt ginn desto mei ech driwer nodenken. Dass no den Credits den Jeff Bridges Steeren kukkt an wahrscheinleg iwerzeegt ass vun den K-Paxien ass kaum engem opgefall. Den Film hannerleist also genauso wei all X-File Episode mei Froen wei Entwerten.
Schlussendlech ass K-PAX originellen Entertainemnt wei et es net genuch gett, a wann dir genau wei mir es saat sid nemmen stupid love stories oder action schrott ze gesinn dann geneisst desen Film deen aner Wëeer geet. If you excuse me, i've a beam of light to catch
Rachid
7 / 10
j'ai plutôt une question à posé,est ce que c'est un extar trestre qui a pris le corp d'un humain oun bien,un smple malde, parecque durant le film il a donné des preuve
Minychillo
7 / 10
Also ech hun den film op DVD gekuckt an worr deck iwwerrascht. Ass en style vun Film wei en mir ganz gudd gefaellt. En hätt kennen zum Schluss mei Suptil misse bleiwen, fir den rescht tiptop, mee et muss een et gären hun.
Goge
7 / 10
Den Film faenkt stark un an leisst an der zweeter Halschent en besschen no. Trotzdem eng gudd Performance vum Kevin Spacey.
Toms
7 / 10
Ech wees net sou ganz waat ech vun deem Film soll haalen. En as net schlecht, me...
Reda
0 / 10
c'est un film que j'ai vu 3 fois et j'aurai aimer le revoir le plus vite possible
merci