Commentaires
Erza
9 / 10
Den Film war super well en as mega spannen.
Erza
9 / 10
Le film est bien, parce que mes meurse acteur et de dans.
Sven
9 / 10
Witzeg an voller Action.soll een sech net entgoen lossen
!
Glutzuio
9 / 10
Also wann een en gudden, witzegen Actionfilm gesin well, ass Ocean's Eleven genau daat richtegt. D'Schauspiller ergänzen sech perfekt, et get net langweileg....an gudd laachen kann een och. Iwwerzeegt iech selwer!
Goge
8 / 10
En Film deen daat haelt waat en versprecht: liicht an gudd Ennerhaalung. D'Geschicht ass duerchduercht an einfach ze verstoen. D'Emsetzung ass wei ze erwaarden war erem typesch Soderbergh.
Chily
8 / 10
3 casinos. 11 guys. 150 million bucks.
Ready to win big?
Las Vegas spielerparadeis, do wo an der theorie jidereen eng chance hurt, awer an der practice emmer nemmen bank gewennt! Clooney and co. probeiren daat waat eigentlech nach emmer schief gaang ass; nom motto: „12 gud grenn et net ze maan an 11 leit deenen daat egal ass!“
Steven Soderbergh sollt spätstens seit der leschter oscarverleihung deenen meeschten leit ee begreff sinn; 2 fach nomineiert fir beschten regisseur fir ERIN BROCKOVICH an TRAFFIC (krut den oscar heifir!). Zu Cannes haat schons sein SEX, LIES AND VIDEOTAPES een bleibenden aandroch gemeet, OUT OF SIGHT wur dei eischt zesummenarbescht mam george clooney, an et sollt net dei lescht sinn... Sein neien film OCEAN'S ELVEN hurt keng groos prétentionen, ausser puren entertainment genoss ze bidden!
Wann irch geschicht vum Danny Ocean deen mat sengen kumpanen e pur casinoen zu Las Vegas em hir suen erlichterer well bekannt fir kennt, dann hud dir recht; OCEAN'S ELEVEN ass e remake vun engem polar klassiker aus den 60er joren mat dem wulbekanntem „rat pack“, Frank Sinatra, Dean Martin, Sammy Davis Jr. and co.; mee genauso wei fiirbild kann dei neioplach mat grossen nimm optrompen, George Clooney, Brad Pitt, Matt Damon, Andy Garcia, Julia Roberts and more. Bei dem starangebot strahlen neonsluten mei wei soss an der wüste vun Las Vegas.
Den Soderbergh seng inszeneirung erennert eis streckenweis un dem Scorsese sein CASINO, de rhytmus vun der jazz-musik ass nemmen een element daat zur relaxter atmosphäre beidreit, Las Vegas können ze durchkukken ass keng einfach sach. Aner leit erweenen niwt Soderbergh emmer regisseuren wei Tarantino, Ritchie oder Singer, waat beim Steven Soderbergh awer opfällt ass deen plus un coolness deen seng mise en scène an seng protagoniste hun. Dei MISSION IMPOSSIBLE effekter gin dezent agesaat, wei giff den Franky dozo soen : Soderbergh did it his way!
Den George Clooney spillt den charismatechen meeschterdeef, elegant, stylvoll, geschmackvoll an charmant. Swing if you're winning!
Brad Pitt an der roll vun engem durchdriwenen kartenzinker, deen an baal all scen eppes z'iessen hurt, an zu L.A. hollywood-schauspiller beim spillen oofzockt. Dei absolut beschten dialogen stammen dann och vum duo Clooney/Pitt, dei als gemeschtes gangster-doppel emmer een grandiosen oneliner parat hun.
Absolut ennerfurdert an deem ganzen maus-a-katz spill ass Julia Roberts, hatt ass so ze soen den MacGuffin am film. Och dem Andy Garcia sein part hätt kinnten mei ausgebaut sinn, trotzdem kann hien beweisen dass den Godfather nach emmer an him stecht. Den Matt Damon errennert eis derweilen un een gudden Mr.Ripley. Dei zwee all profien Carl Reiner an Elliott Gould machen sech e plaiseier draus an hiren sceenen deenen aneren show ze stiilen.
Jidereen deen Las Vegas besicht wees am firraus: um schluss gewennt emmer bank! Awer den Danny Ocean ass do anerer meenung, so dass bank deen kirzten zitt. Waat et zur geschicht ze soen gett: witzeg, schnell an deels iwerraschend. Während der eischter partie vum film gett den iwerfall geplangt an d'équipe zesummen gesaat; deen zweeten deel weist dann den iwerfall.
Öfters entpuppt sech den iwerfall selwer als daat langweilechst um film, alles kennt eso wei et geplangt wur. Eng ausnahm mescht den Soderbergh do net, mee glecklecherweis enthält sein iwerfall nach dei eng oder dei aner kleng surprise, schliezleg iwerfällt den Danny net irgent engem sein casino an do ass jo nach miss Roberts!
Den schluss vum film mescht nach emol hommage un den original, ir dann den typeschen Soderbergh-schluss-gong gesaat gett. Als conclusion zeien mir dass sowul regisseur wei och protagonisten mei potential hun, awer den entertainment-wert vun OCEAN'S 11 leid net am geringsten drenner, so dass puiblikum angenehm 116 minuten geburden kritt, 116 minuten wo een sech köstlech amüseiert, an daat kann een net bei all popcorn film soen, oder?
Tom $.
8 / 10
Et geing een baal mengen gud Schauspiller machen gud Filmer. Hei as rem e beweis. Et mecht richteg Spaass desen Film ze kucken.
Rj
7 / 10
net schlecht, spannend bis zum schluss - nice entertainment
Nagroll
6 / 10
Ce film espère exploser le box office uniquement grâce au fait qu'un grand nombre des stars d'Hollywood y sont présents. Il a réussi sa mission mais sans réelle élégance, le film est lent, sans saveur, et seul le retournement de situation final amuse. Seul Andy Garcia opére réellement dans on rôle de directeur de Casino, sinon les autres semblent faire de la figuration. C'est triste qu'autant d'argent soit dépensé à payer des acteurs pour un film lassant alors qu'ils pourraient l'investir dans de réels film inventifs, mais c'est la loi d'Hollywood et donc du capitalisme ... les films inventifs ne rapportent pas ... le cinéma comme art ou comme business ?
Amandine
5 / 10
Trop bien ce film!j ai adoré!!