Fir déi zwee Chaoten an Horrorfilmfanatiker Pit (Steve Thull) a Mich (Lionel Becker) soll et ee ganz relaxen Owend ginn. Hire Kolleg Jos huet hinnen d’Schlëssele vu sengem Weekend-Haischen ginn, wou déi zwee elo mat hirer gemeinsamer Frëndin Susie eng uerdentlech hale wëllen. Am Haus ukomm, fanne si eng al Këscht. Déi hätte si besser zougelooss, well op eemol klappt matten an der Nuecht onerwaarte Besuch un
der Dier: Zombien! Dat ass awer net deen eenzege Besuch, deen de Pit an de Mich deen Owend kréien. De Sunnyboy Jean-Yves (Mike Tereba) a seng Kollege Chantale (Sarah Hoffmann), Alain (Vincent Meyer) an Trixie (Mendaly Ries) hu sech nämlech op hirem Wee fir op eng Party am Bësch verrannt. Si sinn erliichtert, iwwerhaapt nach en Haus ze fannen, wou zu esou spéider Stonn nach Luucht ass...
dee film as GENIAAAAAL...einfach gemaach an och secher net fehlerfräi mee ech hu mech vun vir bis hanne KROMM GELAACHT ::))
e film vir einfach nemmen mool gut oofzelaachen...mat schauspiller di einfach zum schiessen sinn ::)) KOMPLIMENT a méi vun sou filmer !!! :)
Decken
10 / 10
Einfach nemmen decke gass wat dei puer kollegen do gemach hun, dei hun dech et getraut fier een letzebuerger Zombiefilm ze maachen. Macht einfach weider ech well mei gesinn
Paxinocta
8 / 10
Come on, et as wierklech Fun. En as wierklech guer net esou schlecht wei en sech daat keint firstellen. Ech fannen et en immens gudd Initiative! Also fir Unfaenger as et gudd gelongen...
Steve Jomé
0 / 10
genee, et ass net wirklech niveauvoll.. et ass pueren Trash mat dommen schauspiller! Ween naischt verpassen well geet den film net Kucken!
Cindy S.
0 / 10
einfach nemmen domm!!!!!!!! Net gudd, net cool, just niveaulos!